Lokale Konzept
De Konzept vun der Opklärung baséiert op d’Staat Lëtzebuerg a geschitt op 7 Sproochen.
7 Sproochen
Egal ob lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch italienesch, portugisesch oder serbo-kroatesch, Dir sidd wëllkomm.
Opgeklärt.
Loosst Iech opklären iwwert all d’Behandlungsméiglechkeeten an der Kinésithérapie. Online oder op der Websäit selwer.
FAQs
D’Kinésithérapie ass eng wichteg Disziplin an der Medezin, déi sech mat der Diagnostik, Behandlung a Präventioun vu Bewegungsstéierunge beschäftegt. Bei ville Léit gëtt Péng oder limitéiert Mobilitéit verursaacht duerch Verletzung, Krankheet, Gelenk- oder Muskelproblemer. Mir kënnen Iech hëllefen dëse Péng lasszeginn an d’Mobilitéit erëm ze kréien, dat ganzt ouni Operatioun oder iergendwellechen aneren Agrëff. Bei eis sinn d’Hänn d’Behandlungsinstrument.
Mir decke vill Beräicher of:
- Entraînement équilibre et marche
- Gymnastique du plancher pelvien
- Gymnastique du dos
- Traitement antidouleur
- Drainage lymphatique
- Rééducation respiratoire
- Ultrasons
- Rééducation pré- et postopératoire
- Réadaptation cardiovasculaire
- Rééducation neurologique
- Réhabilitation sportive
An de leschte Joren hunn sech ëmmer méi Leit fir eng Online-Consultatiounen an der Kinésithérapie entscheet. Dëst huet vill Virdeeler: Engersäits ass et méi diskret, well Dir net musst an eng Praxis goen anersäits bidde mir Iech eng Vilfalt vu Servicer déi Dir aus dem Komfort vun Ärem eegenen Heem benotze kënnt. Dësen Trend ass besonnesch hëllefräich fir Leit déi ee vollen Zäitplang hunn oder déi wou nach ni Kontakt mat eng Kinésithérapeut haten. Online Consultatiounen erlabe Clienten och vu kierperlecher Therapie doheem ze profitéieren, wat besonnesch bequeem ass fir Leit, déi un enger Verletzung oder chronescher Krankheet leiden.
Zesummegefaasst sinn Online Consultatiounen en effektiivt Instrument fir d’Kommunikatioun tëscht Client an Therapeut zu Lëtzebuerg ze verbesseren. Si maachen et och méiglech, de Liewensstil vum Patient besser ze verstoen an d’Behandlunge besser unzepassen.